Léif Matbiergerinnen a Matbierger,
Mir wëllen vun dëser Geleeënheet profitéieren Iech villmools Merci ze soen fir äert Vertrauen an är finanziell Ënnerstëtzung déi lescht Joren.
D‘Mierscher Pompjeeën asbl ënnerstëtzt säit Joren déi aktiv fräiwëlleg Pompjeeën aus der Gemeng Miersch, déi d‘lescht Joer erëm 24 Stonnen op 24 bereet waren hire Matmënschen a Noutsituatiounen ze hëllefen. Besonnesch um Häerz léit eis och déi finanziell Ënnerstëtzung fir eis Jugendpompjeeën. Mir organiséieren säit ville Joren dat traditionellt Buergbrennen an huelen u villen Veranstaltungen vun der Gemeng deel, wéi d‘1. Mee Feier, Nationalfeierdag oder dem Chrëschtmaart.
Virun zwee Joer hu mir an eisem Comité decidéiert, dass mir all Joer een sozialen Projet aus der Gemeng oder der Ëmgéigend ënnerstëtzen wëllen. D‘lescht Joer hu mir der Gemeng Miersch en Chèque an héicht vun 1.500 EUR fir geschiedegt Leit vun den Iwwerschwemmungen 2021 iwwerreecht.
Weider Informatiounen zu eiser Associatioun fannt Dir op eiser Internetsäit oder op eiser Facebooksäit Mierscher Pompjeeën asbl.
Dir kënnt eis och gären ënnert info@mierscher-pompjeeen.lu kontaktéieren.
Wann Dir wëllt, kennt Dir eis mat engem Don ënnerstëtzen, dëst mat enger Iwwerweisung op eisen Kont LU96 0019 3055 2228 0000 mam Vermierk „Memberskaart 2022“ oder mat engem Payconiq unhand vum affichéierten QR Code.

Mir soen Iech am Viraus schoun Villmools Merci fir äert Vertrauen an är Ënnerstëtzung.