Pumpe von 1838

Déi éischt Mierscher Sprëtz

Diese Pumpe aus luxemburger Fabrikation stammt aus dem Jahr 1838 und ist immer noch funktionsfähig. Sie gehört zu den ältesten
Feuerwehrpumpen aus Luxemburg.

Anno 1838
Heibei handelt ët sëch ëm eng Drockpompel, dat heescht: D’Pompel huet missen fir d’éischt mat Waaassereemeren gefëllt gin. Mat der Pompel as dann den néidegen Drock gemeet gin fir d’Wasser op de Brand ze sprëtzen. D’Pompel as fréier vun Hand oder mat engem Päerd op d’Platz vum Asatz gezun gin. Do as dun den ieweschten Deel vum Chassis erof gehoff gin; an dann konnt domat geschafft gin.
Des Pompel as vun der Mierscher Gemeng den 12. Juli 1838 durch Soumissioun bestallt gin an zwar bei:
„Jean Henri EISENBACH,
fondeur en cuivre et fabricant de pompes à incendie
et Pierre GANGLER,
maître-serrurier,
tous deux demeurant en la ville de Luxembourg“
Dës Pompel gët vun de Mierscher Pompjeeën an der Rei gehaalen, sie funktionéiert nach ëmer.
Och hut sie schon bei Concoursen munch Präisser gewonnen.
Weitere Einzelheiten zu dieser Pumpe finden Sie in unserem Buch.

Print Friendly, PDF & Email